Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.210 Artikelen an 121 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Olympesch Spiller vun 1916 engersäits an 1940 an 1944 op där anerer, wéinst dem Éischten, resp. dem Zweete Weltkrich annuléiert goufen?
- … vun der Prinzessin vu Schengen just nach Zänn iwwreg sinn?
- … de Fändel vum Afghanistan am Laf vum 20. Joerhonnert eng 20-mol geännert gouf?
- … d'Rue de Chiny an der Stad Lëtzebuerg 2013 zu Märel opgehalen huet, z'existéieren, fir 2019 op der Gare nees nei opzetauchen?
- … den Alexei Leonow 1965 deen éischte Mënsch war, dee säi Raumschëff verlooss huet, an am Weltraum geschwieft ass?
Artikel vun der Woch

Den angolanesche Biergerkrich war e Biergerkrich an Angola. En huet direkt no dem Land senger Onofhängegkeet vu Portugal am November 1975 ugefaangen a mat Ënnerbriechunge bis 2002 gedauert. Am Wesentleche war de Biergerkrich e Muechtkampf tëscht den zwou fréieren Onofhängegkeetsbeweegungen, dem Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA, Volleksbeweegung fir d'Befreiung vun Angola) an der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA, Nationalunioun fir déi komplett Onofhängegkeet vun Angola). Am Kontext vum Kale Krich war et awer och gläichzäiteg e Stellvertriederkrich mat wäitleefeger indirekter Bedeelegung vun der Sowjetunioun, Kuba, Südafrika, de Vereenegte Staaten an anere Länner.
Wéi d'MPLA 2002 de Krich gewonnen hat, ware méi wéi 500.000 Leit gestuerwen an iwwer eng Millioun Leit bannent dem Land deplacéiert. De Krich hat dem Land seng Infrastruktur zerstéiert a seng ëffentlech Verwaltung, seng Entreprisen a seng reliéis Institutioune staark beschiedegt... > > méi

Op engem 19. November
- 1600: Gebuert vum Charles I., Kinnek vun England, Schottland, Irland an, dem Titel no, Frankräich.
- 1828: Doud vum éisträichesche Komponist Franz Schubert.
- 1850: De lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam gëtt gebuer.

Indira Gandhi - 1870: De lëtzebuergesche Politiker, Affekot a Journalist Robert Brasseur kënnt op d'Welt.
- 1900: Gebuert vun der däitscher Schrëftstellerin Anna Seghers.
- 1917: Déi indesch Politikerin Indira Gandhi gëtt gebuer.
- 1923: De lëtzebuergeschen Historiker an Editeur Paul Margue kënnt op d'Welt.
- 1962: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Jodie Foster.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. November: Jean-Claude Schanen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 10. November: Stacy Keach. US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. November: Jean-Claude Asselborn (Jean Sorrente), lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. November: Sebastián Lelio, chileenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ≤ 6. November: Fred Becker, lëtzebuergesche Moler a Galerist.
E Bléck op…

Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
Source: This content is adapted from Haaptsäit on Wikipedia
Licensed under Creative Commons Attribution-ShareAlike 4.0 International (CC BY-SA 4.0)
